Skip to content

Gemengewalen 2023

OP EE BLECK

Op ee Bleck

Lëtzebuergesch – Français

Op ee Bleck

English – Português

EISE WALPROGRAMM FIR 2023 – 2029

Walprogramm 2023 – 2029

Lëtzebuergesch – Français

Walprogramm 2023 – 2029

English – Português

EiS KANDIDATEN FIR D’GEMENGEWALEN

Raphael Schmitz

Spëtzekandidat, Schäffen

Mäin Numm ass Raphaël Schmitz, ech hunn 48 Joer a liewen zanter 1986 an der Gemeng. Ech si bestuet an hunn e klenge Bouf vu 5 Joer.

Als Ergotherapeut a Wildnispädagoge, interesséieren ech mech besonnesch fir alles wat mam Thema Gesondheet an Natur ze dinnhuet. Meng Fräizäit verbréngen ech momentan am léifste mat Famill a Frënn, mat Joggen, Vëlo, Fussball a Schwammen. Zënter 2017 sinn ech am Gemengerot a vu Januar 2022 un, sinn ech de Nofollger vum Françoise Hetto-Gaasch am Schäfferot ginn.

Nieft enger nohalteger Gestaltung vum urbane Raum, dem Erhale vum Duerfcharakter an den Uertschaften, gesinn ech e respektvollt Zesummeliewe vun eis all als grouss Erausfuerderunge fir d’Zukunft.

Karina Abdelkader

Kandidatin

Mäin Numm ass Karina Abdelkader an ech wunnen zënter 30 Joer an der Gemeng Jonglënster.

Ech hunn e Bachelor an “Applied Management” mat enger Spezialisatioun am Banking an ech schaffen am Bankesecteur. Ech si bei der European Investment Bank (EIB) beschäftegt.

Ech interesséiere mech fir all d’Problemer, déi de Klima betreffen, a besonnesch fir zukünfteg Léisungen. Donieft interesséieren ech mech och fir Sport, Musek a Konscht am Allgemengen a sinn aktuell Presidentin vun der Kulturkommissioun vu Jonglënster.

Ech wëll am Beräich vun der Diversitéit mäi Bäitrag leeschten a virun allem nei a konstruktiv Iddie fir eis Gemeng abréngen.

Jean Boden

Kandidat, Gemengerot

Mäin Numm ass Jean Boden, 61 Joer, si Comptabel vu Beruff, bestuet a Papp vun zwee Kanner, wunnen zu Gonnereng.

An der Gemengepolitik sinn ech zënter 2006, a fir d‘CSV am Gemengerot zënter 2009. Et mécht mir Freed mech fir ons dynamesch an innovativ Gemeng ze engagéieren. Dëst maachen ech besonnesch an de Beräicher Ëmwelt, Klima an Energie, respektiv am schouleschen- an am Finanz Beräich. Mir hunn eng schéi Gemeng mat enger grousser Offer, wou et sech gutt liewe léisst, an ech probéieren hei mäin Deel dozou bäizedroen, datt dëst och esou bleift.

Meng Fräizäit ass fir meng Famill a Frënn, Sport, Natur, Musek a flott Lektüren.

Gilles Emeringer

Kandidat

Mäin Numm ass Gilles Emeringer, ech hunn 43 Joer a wunne mat menger Fra a mengen

2 Kanner zu Gonnereng. Ech engagéiere mech a verschiddene Veräiner, a war schonn an der Bierger Musek an dem Lënster Fussball aktiv. Aktuell sinn ech President vun der Elterevereenegungvu Gonnereng. Ech schaffen als Ingenieur bei der Lëtzebuerger Arméi am Beräich Kommunikatiouns- an Informatiounstechnologien.

Ech well mech engagéiere fir an eiser Gemeng aktiv matwierken ze kënnen an dës mat ze gestalten. Besonnesch um Häerz leie mir d’Mobilité douce, d’Energietransitioun, d’Kanner an déi sozial Kohesioun. Ech wëll hëllefen eis flott an dynamesch Gemeng weider ze entwéckelen a fit fir d’Zukunft ze maachen.

Carole Frank

Kandidatin

Mäin Numm ass Carole Frank, 49 Joer, Mamm vun engem Meedche vun 13 Joer a wunnen zu Jonglënster. No 25 Joer Erfahrung als Infirmière an der Zithaklinik schaffen ech elo am CIPA zu Jonglënster.

Als laangjärege Member vun der CSV hunn ech mech ënner anerem 2005 als Kandidatin bäi de Gemengewalen an der Stad engagéiert.

A mengem Beruffsalldag ass et wichteg de Mënsch an de Mëttelpunkt ze stellen, nozelauschteren, Entscheedungen ze treffen a Responsabilitéit ze droen. Deemno well ech mech och an der Gemeng fir d‘Uleies vun de Bierger vun alle Generatiounen asetze fir ee gutt Zesummeliewen an der Gemeng unzestriewen a Liewensqualitéit ze verbesseren.

Mireille Hinkel-Tadaszak

Kandidatin

Mäin Numm ass Mireille Hinkel-Tadaszak, ech si 54 Joer al, bestuet a Mamm vun 3 erwuessene Kanner.

Duerch meng Aarbecht als selbstänneg Bezéiung- a Familljeberoderin, mä och als Presidentin vun der Sozial-, Senioren- a Chancëgläichheetskommissioun gesinn

ech ëmmer erëm, wéi wichteg et ass, d’Mënschen an hirer Individualitéit wouerzehuelen, si awer gläichzäiteg als Deel vun eiser Gesellschaft ze respektéieren. Dofir setzen ech mech fir eng diversifiéiert Politik an, an enger Gemeng wou „Gemeinschaft“ gelieft gëtt a wou mir zesummen d’Ufuerderunge vun der kommender Zäit kënne meeschteren.

Fabrice Mousel

Kandidat

Mäin Numm ass Fabrice Mousel, ech hunn 43 Joer a wunne säit 5 Joer zu Jonglënster. Ech sinn Assistant social vu Beruff, hunn an der Belsch an am Kanada studéiert a mech op d’Santé mentale spezialiséiert. Ech schaffen an engem Spidol mat Jonken an hire Familljen. A mengem Beruff sinn ech dagdeeglech domadder konfrontéiert Léisungen ze fanne fir ganz schwiereg mënschlech Situatiounen. Meng Fäegkeete probéieren ech och fir d’Leit a menger Gemeng anzesetzen. Säit 2 Joer sinn ech an der Integratiounskommissioun vun eiser Gemeng engagéiert.

A menger Fräizäit sinn ech sportlech aktiv, technesch interesséiert an engagéiere mech éierenamtlech fir jonk Leit.

Colette Marmann-Santana

Kandidatin

Ech sinn d’Colette Marmann-Santana, bestuet, Mamm vun 2 Bouwen, Sekretärin a wunnen zu Guedber.

Duerch mäin heefege Kontakt zu eelere Leit, ass mer opgefall, datt net jiddereen Zougang zu sozial Kontakter huet an oft ënnert dem Zoustand vum Elengsinn leid.

An dëser sozialer Isolatioun kéint jidderee vun eis sech erëmfannen. Mir ass et wichteg, datt jiddereen dee Schwieregkeeten huet u gemeinsamen Aktivitéiten deel ze huelen, eng Méiglechkeet gebuede kritt fir trotzdem wäertvoll Zäit mat anere Leit ze verbréngen. Ech interesséiere mech fir aner Kulturen a verbrénge gär meng Fräizäit mat Famill a Frënn.

Gilles Schlesser

Kandidat

Ech sinn de Gilles Schlesser, 54 Joer jonk, bestuet, Papp vun 2 léiwe Bouwen a liewen zënter 20 Joer an eiser schéiner Gemeng. Ech hu Wirtschaft a Finanzen zu Stroossbuerg studéiert a schaffen zënter 25 Joer op nationalem Plang an der Innovatioun a Wirtschaftsentwécklung.

Als President vun der Bautekommissioun a Member vun der Integratiounskommissioun a vum Klima Team engagéieren ech mech fir eis Gemeng attraktiv an nohalteg ze gestalten. Bezuelbare Wunnraum fir déi Jonk, modern Infrastrukturen, e coole liewegen Zentrum, méi Gesondheetsfërderung an Zesummenhalt leie mir um Häerz.

Philippe Trierweiler

Kandidat, Gemengerot

Mäin Numm ass Philippe Trierweiler, ech hu 44 Joer, si gepacst a Papp vun engem 8 järege Meedchen.

Zënter Januar 2022 sinn ech Member vum Gemengerot an et mécht mir als Lënster Jong immens Freed eis Gemeng dierfe mat ze gestalten an ze hëllefen, eis Dierfer esou weider ze entwéckelen, datt d’Leit gären an hirer Gemeng wunnen.

Ech si Schoulmeeschter vu Beruff a gesinn am Alldag wéi wichteg d‘Wuelbefanne vun eise Kanner a Jugendlechen ass. Dëst läit mir um Häerz an ech wëll mech weiderhi staark dofir asetzen. Dëst gëllt och fir d’Stäerke vumVeräinsliewe mam Opwäerte vum Benevolat, respektiv d’Verkéiersberouegung an eisen Dierfer an d’Finaliséiere vun engem Mobilitéitskonzept fir d‘Gemeng.

Dr. Marie Louise Uwizeye Ernzen

Kandidatin

Je m’appelle Marie Louise Uwizeye Ernzen, je suis mariée et mère de trois enfants. Je suis née au Rwanda et j’habite à Junglinster depuis 9 ans.

Après mon master en développement durable et sciences de l’environnement, j’ai travaillé 5 ans dans la recherche sur les eaux usées. J’ai ensuite obtenu mon diplôme de doctorat en sciences de l’ingénieur et travaille actuellement en tant qu’ingénieure pour un bureau d’études luxembourgeois.

Durant mes études et ma carrière professionnelle, je me suis toujours intéressée aux sujets de l’environnement et l’énergie. Au vu des changements climatiques ici et ailleurs, je souhaite m’engager activement pour une protection et gestion efficaces de la nature.

Mich Weber

Kandidat

Ech sinn de Mich Weber, wunnen zënter menger Gebuert zu Lënster an hunn 22 Joer. Nom Bachelor a Politikwëssenschafte sinn ech zu Bréissel bliwwen an hunn dëse September mäi Master an ‘International Relations’ ugefaangen.

Zanter deem ech 15 Joer hunn, sinn ech als Benevole bei der Croix-Rouge engagéiert. Vu klengem un, sinn ech aktive Museker an der Lënster Musek an Acteur an de Lënster Theaterfrënn‘93. Aktuell sinn ech och mat vollem Engagement President vum Cercle des étudiant.e.s luxembouregois.e.s zu Bréissel. Meng Prioritéite leie ganz kloer bei de Jonken, der Nohaltegkeet an onse Veräiner.

Tom Weber

Kandidat, Gemengerot

Mäin Numm ass Tom Weber, ech hunn 41 Joer, si bestuet, hunn zwee Kanner, a wunnen zu Eeschler. Ech hunn Droit a Politikwëssenschafte studéiert a schaffen als Jurist fir een Etablissement public an der Stad.

Ech sinn 2017 an de Gemengerot vun eiser schéiner Gemeng gewielt ginn. Déi Aarbecht fannen ech immens flott, well se mir d’Méiglechkeet gëtt, mech fir d’Uleies vun eise Matbiergerinnen a Matbierger anzesetzen, a Saachen an der Gemeng konkret mat ze gestalten. De Logement, besonnesch fir déi Jonk, d‘Nohaltegkeet, d’Accessibilitéit an ee gutt Zesummeliewe si fir mech prioritär Dossieren, wou ech mech weider asetze wëll.

Meng Fräizäit verbréngen ech gär mat menger Famill a menge Frënn.

EISE SPËTZEKANDIDAT – RAPHAËL SCHMITZ