D’CSV Jonglënster seet MERCI

E grousse MERCI fir all ons Wieler. Mir wäerten ons beméien déi an ons gesaatenen Erwaardunge gerecht ze ginn. Merci fir äert Vertrauen a mir verspriechen ons bescht ze maache fir d’Gemeng Jonglënster an domatte fir ons all.

 

Mir bréngen et nees op de Punkt !

An deenen nächsten Deeg verdeele mir ons lescht Publikatioun virun de Gemengewahlen, den neien OP DE PUNKT. Hei presentéieren sech all d’CSV Kandidate fir d’Gemengewahle mat enger méi perséinlecher Virstellung.

Wann dir se wellt besser kenneléiere, kommt op eng vun onse Wahlversammlungen.  All Detailler dozou fannt dir hei am OP DE PUNKT an och hei op onsem Site
Mir fréien ons drop fir mat Iech ze diskutéieren

 

VERSION FRANCAISE DU ‘OP DE PUNKT’ :     OP DE PUNKT 09 2011 version française  ficher PDF

.

 

 

Den “Op de Punkt” 07/2011 ass do!

Den “Op de Punkt” (am neie Look) vun eiser Sektioun ass färdeg, a wäert un all d’Stéit vun der Gemeng Jonglënster verdeelt ginn.

Niewt Informatiounen iwwer eis Kandidaten, fannt Dir e Réckbléck iwwer 6 Joër erfollegräich CSV-Politik an eiser Gemeng, an awer och en Ausbléck op daat waat mir nach wëlles hunn.

Des Weideren fannt Dir och Message vum Parteipresident, Parteisekretär a Fraktiounschef.  Kuck bis eran – “online” !  Einfach op d’Bild klicken.

CSV – Op de Punkt Jonglënster 2011

D’CSV Jonglënster bréngt et op de Punkt! Hei fannt dir déi neisten Ausgab (Abrëll 2011) vum  CSV Op de Punkt  mat all den Artikelen betreffend Jonglënster.

Mat enger Präsentatioun vun all de CSV-Kandidate fir d’Gemengewahlen vum 09. Oktober 2011, mat Aktivitéite vun der CSJ Jonglënster, an der Aarbecht vun der CSV-Fraktioun am Gemengerot.

Fichier: Op de Punkt Abrëll 2011 (format PDF)

Neijoersreception vun der CSV zu Walfer

Schon traditionell ass Ugangs Januar den offiziellen Empfang vun der CSV fir de Joresufank. Dëst Joer woren eng Honnerten CSV-Memberen zu Walfer am Centre Prince Henri.

D’CSV-Sektioun Jonglënster wor och mat enger Rei Memberen vertrueden.

De Partei President, Michel WOLTER, huet dann och d’Memberen an d’Sektiounen encouragéiert fir bis den Oktober 2011, déi gutt Aarbecht déi CSV an de Gemenge geleescht huet ervir ze sträichen.

D’CSV Jonglënster braucht sech net ze verstoppen !

Dir fannt op dësem Site eis Prioritéiten 2011, a e Bilan vun deem waat 2010 geschafft ginn ass.

Waat ass geschafft ginn 2010 – Waat ass virgesin fir 2011

D’CSV Jonglënster wënscht alle Memberen a Frënn – ALL GUDDES FIR 2011

D’CSV-Jonglënster kann zefridden op d’Joer 2010 réckblécken. Villes ass geschafft ginn, villes gouf an Ugrëff geholl. 

Ee vu ville Beispiller : Nei Tennisterraien mat Clubhaus (Foto vun der Aweihung).

Hei eng Lëscht mat den realiséierten an ugefaangenen Projeten  2010 :
Projets a Realisatiouen vun 2010  (fichier PDF)

Mee mir rouen eis nët op de Resulater aus, mir schaffen weider am Interessi vun de Lënsetr Bierger!  (Foto vun der CSV-Equipe)

Ons Prioritéite fir 2011 :
Projets fir 2011   (fichier PDF)

CSV Jonglënster – Ausfluch

Nei ! -> Artikel op mywort.lu mat Fotoën vun der Visite

 

Wéi all Jor hu mir rëm ons mëttlerweil traditionell Sortie, a lueden iech heimat häerzlechst op onsen Ausfluch an.  

Mir besichen d’Ausstellung “d’Gëlle Fra” zu Käerjeng, an ginn duerno zesummen iessen.

Den Datum ass Samschdeg, de 15. Januar 2011. Rendez-vous ass um 9.30 Auer zu Jonglënster op der Gare.

Hei fannt dir all d’Info’en mam Programm a fir sech unzemellen:

–>    CSV_Ausfluch_Gëllle Fra_Iessen_ 01_ 2011  (fichier PDF)

Fotoen vum Kéisowend 2010 zu Beidler

Wéi all Jor huet CSV Sektioun Jonglënster erëm säi Kéisowend zu Beidler am Veräinsbau organiséiert. Bei engem gudde Patt, ville verschiddene Kéiszorten, engem gudden Hamenteller an Zalot enger super Tombola a gudder Stemmung hu mir ee gemittlechen Owend verbruecht.

Hei sinn e puer Fotoen: